Eis Musik

D'Öertschaft Heischent:

Heiderscheid (luxembourgeois : Heischent) ass een Döerf mat ronn 600 Awunner a läit am Norde (Ardennen / Éislék) vu Lëtzebuerg.

Heischent war Gemengenhaaptöert bis zur Fusioun mat de Gemengen Esch-Sauer an Ningsen den 1. Januar 2012. Zënterheer ass et Deel vun der neier Gemeng Esch-Sauer.

D'Döerf läit op halwem Wee tëschent Wolz an Ettelbréck, respektiv 30km vu Baaschtnich.

D'Musik

Geschicht :

An den 20er Joren ginn d'Pompjeeën aus dem Döerf bei Cortège vun engem Grupp Claironsbléiser begleet. Am Joer 1929 höet dëse Grupp beschloss séch selbstänneg ze maachen an een eegene Veräin ze grënne mam Numm "Fanfare Sainte Cécile Heiderscheid".

Musiksunterricht :

Vun Ugangs den 90er Joeren un, organiséiert d'Gemeng Musikscoursen a Kollaboratioun mat der UGDA.

D'Gesellschaft haut :

Am Laf vun de Joren höet d'Zesummesetzung vum Ensembel mam Ophöele vun Holzbléiser (Saxophonisten, Klarinettisten, Flüttisten, ...) geännert fir esou zu engem Harmonieorchester ze ginn. Sou ass aus der Fanfare Ste Cécile d'"Heischter Musik" ginn.

D'Gesellschaft hëlt deel un alle Manifestatiounen am Döerf, méch bei verschiddene Cortège mat a spillt am Joer eng 10 Concerten, wouvun de Galaconcert sécher den « Highlight » ass. Enn Januar organiséiert, zitt en all Joer méi wéi 400 Nolauschterer an de Sport- a Kulturzenter zu Heischent.